Slide background Slider Image Am Stall Fouer 2025 22. August - 10. September
Am Stall - E Restaurant mat Stëmmung

Och dëst Joer erwaart iech am Stall en top Animatiounsprogramm an e gudde Maufel z'iessen. Waart net ze laang a reservéiert elo Ären Dësch!

Denkt och un d'Fast Lane Tickets mat deenen dir ouni Schlaang direkt an de Stall erakommt.

Schueberfouer 2025

Vum 22. August bis den 10. September geet et nees ronn um Glacis!

Den Animatiounsprogramm ass wéi ëmmer gutt gefëllt mat Nimm wéi DJ Antoine, Mattn, B Jones, Oimara, Oli P., Nosi, Hoffi-Zambezi a villen aneren.

Eisen Traiteur Julien Clicquet verwinnt Iech mat hausgemaache Platen a Produiten aus der Regioun.

Mir wënschen Iech elo scho vill Spaass am Stall op der Schueberfouer!

De Bauer & säin Team