Och dëst Joer bitt de Stall Iech an engem top dekoréierten Zelt en eemolegen Animatiounsprogramm an e gudde Maufel z'iessen. Waart net ze laang a reservéiert elo Ären Dësch!
Vum 23. August bis den 11. September erwaart de Stall Iech nees mat senger legendärer Ambiance um Glacis.
Den Programm ass gutt gefëllt mat ënnert anerem Nimm wéi Jürgen Drews, Matthias Reim, Kasalla, Die Draufgänger, East 17, Mia Julia, Mickie Krause an Hoffi-Zambezi.
Eisen neie Kichechef, de Guy Kirsch (Kirsch - Le Boucher), verwinnt Iech mat hausgemaachte Platen a Produiten aus der Regioun.
Mir wënschen Iech vill Spaass am Stall op der Schueberfouer!
De Bauer & säin Team